
© Frederic J. BROWN / AFP
De Snoop Dogg ass net nëmme wéinst senger Musek bekannt, mee och wéinst senger Virléift zu Marihuana.
Wéi de Snoop Dogg op senger Onlineplattform matgedeelt huet, huet hien decidéiert mam Fëmmen opzehalen. Dës Decisioun huet hie getraff nodeems hie laang driwwer nogeduecht huet a vill mat senger Famill driwwer geschwat huet. Des Weidere schreift hien, dass een an deem Zäitraum seng Privatsphär soll respektéieren. Ob hien awer elo d'Fëmmen allgemeng domat mengt oder konkret d'Kiffen, gouf net preziséiert.
Seng Fans gesinn dat Ganzt zimmlech skeptesch. Déi eng schreiwen, dass hie just ee Witz géif maachen, mee aner maachen sech Suergen iwwert eescht Gesondheetsproblemer.