De Manuel Neuer a seng Frëndin Anika Bissel sollen heemlech JO gesot hunn.

De Manuel Neuer a seng Partnerin Anika Bissel hunn sech bestuet. D'Handballspillerin huet dat op Instagram verroden andeems hatt säin Numm op Anika Neuer geännert huet. Domat ass dann och gekläert op hatt säin Numm behält oder net. Informatioune vun der "Bild" no, gouf d'Hochzäit am enkste Krees gehalen. Schonn Enn September war eraus komm, dass déi zwee sech verloobt hunn. Des Weideren ass dem Fussballspiller seng nei Fra och schwanger. Hiert gemeinsaamt éischt Kand soll am Fréijoer op d'Welt kommen.