Den Taylor Lautner gouf als dee beschten Ex vum Taylor Swift bezeechent.

Den Titel "Beschten Ex vum Taylor Swift" geet un den Taylor Lautner. Dat hunn d'Swifties, also dem Taylor Swift seng Fans decidéiert. De Schauspiller gouf och vun der Zäitschrëft "People" drop ugeschwat an hie fënnt, dass dat Ganzt wéi ee léift Kompliment kléngt. Dozou seet de Lautner, dass seng Fra och ee ganz groussen Taylor-Swift-Fan ass an dass seng Fra him scho gesot huet, dass hien deen eenzegen Ex ass iwwert deen et keng béis Lyrics gëtt. Dat heescht hien ass dovun iwwerzeegt, dass dat eng gutt Saach ass an hie beschwéiert sech net.

D'Sängerin an de Schauspiller waren 2009 eng Koppel. Fans ginn dovunner aus, dass dem Swift säi Lidd "Back to December" iwwert hir Trennung handelt.

Lauschtert hei de Réckbléck vun de Prominews vun dëser Woch.