A Brasilie gëtt et aktuell eng ganz uerg a geféierlech Hëtztwell.

D’Taylor Swift hat säin éischte vu sengen dräi Concerten e Freideg zu Rio de Janeiro a Brasilie gespillt. A kuerz virum Concert ass eng 23-järeg Studentin, d’Ana Clara Benevides zesummegebrach an ass un engem Häerz-Kreeslaf-Stëllstand gestuerwen. Grond vun dësem tragesche Virfall wier d’Hëtzt gewiescht. Verschidde Fans hu bericht dass et trotz der Situatioun verbuede war, Waasser mat an de Stadion ze huelen. Dat wier eng Decisioun vum Stadion selwer an net vun der Musekerin. An dausende Fans wiere schwaach gefall.

D’Sängerin selwer huet sech an engem Statement op Social Media geäussert a sot hatt wier um Buedem zerstéiert. Wärend dem Concert hunn d’Sängerin a seng Crew Waasserfläschen an de Publikum geschoss. Duerno huet d’Taylor Swift decidéiert den nächste Concert ze verréckelen. Hatt stoung nees e Sonndeg op der Bün.

Lauschtert hei alleguer d'Prominews vum Dag!