
© Alberto E. Rodriguez / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Seng Frëndin d’Suki Waterhouse schéngt seng Schwangerschaft op der Bün annoncéiert ze hunn.
De Schauspiller Robert Pattinson gëtt geschwë fir déi éischte Kéier Papp. Seng Partnerin d’Sängerin, Schauspillerin a Model Suki Waterhouse huet eng Annonce wärend sengem Concert a Mexiko gemaach. An engem Video gesäit een dass d’Suki e Glitzer-Kleed unhuet mat engem Mantel.
Hatt sot: "Ech duecht ech géif einfach mol eppes undoen dat glitzert fir iech vun eppes anerem ofzelenke wat grad geschitt, ech si mir net sécher dass et funktionéiert". An domat huet hatt säi Baby-Bauch gemengt, dee kloer ze gesi war.
Schonn zënter e puer Woche goufen et Gerüchter dass d’Koppel hiert éischt Kand erwaarde géif. Si si schonn zënter 2018 zesummen.