
© Sascha Schuermann / AFP
Den Harry an d’Meghan wieren anscheinend prett Chrëschtdag a Groussbritannien ze feieren.
Déi lescht Deeg goufen et vill Spekulatioune ronderëm d’Royal Family. Verschidde Quelle mengen nämlech dass de Prënz Harry a seng Fra Meghan mëttlerweil nees besser mam Kinnek Charles eens ginn.
Fir dem Kinnek säi Gebuertsdag hätt den Harry nämlech mat him telefonéiert an et wier e ganz positiivt Gespréich gewiescht. Esou positiv dass de Prënz hofft dass säi Papp hien, seng Fra a seng zwee Kanner fir Chrëschtdag invitéiert.
Eng aner Quell huet awer der brittescher Promi-Zeitung "Mirror" gesot dass si net wëllkomm wiere bei der Royal Family fir Chrëschtdag. An dat well si ze vill privat Saachen iwwert d’Famill verzielt hätten.