Et war just e clevert Wuertspill fir eng Reklamm.

De Rapper Snoop Dogg hat jo virun e puer Deeg ugekënnegt dass en ophale géif mat fëmmen. Et huet sech awer elo erausgestallt dass dat ganzt Deel vun enger Reklamm war.

An zwar huet den 52-Järegen eng Reklamm gemaach fir den Hiersteller vun enger Feierplaz, déi een a sengem Gaart installéiere kann. Also huet "smokefree" net wierklech geheescht dass hien net fëmme géif mee éischter dass hien dem Damp lass wëll ginn.

An engem neie Video op Instagram erkläert de Rapper dass hien net méi wéinst dem Damp houschte wëll an dass hie keng Kleeder wëll hunn, déi sténken. Déi Feierplaz soll also de ganzen Damp ewechhuelen.

Am witzege Video gesäit een de Snoop Dogg, deen seng Marshmallows am Gaart preparéiert. Also e cleveren Teasing fir eng Kollaboratioun.