
© David Eulitt / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Nëmme Komplimenter huet den Travis Kelce fir seng nei Frëndin Taylor Swift.
Den American-Football-Star Travis Kelce huet der Zäitschrëft Wall Street Journal en Interview ginn. An hien huet sech méi ausféierlech iwwert seng Bezéiung mat der Sängerin Taylor Swift geäussert. Hie schéngt begeeschtert ze si well hie sot et wier krass wéi gescheit d’Taylor wier. Hie géif all Dag eppes neies bäiléieren.
Hie wier nach ni mat esou enger bekannter Persoun, déi esou eng Aura huet, zesumme gewiescht. Dat wier eng nei Erfarung fir hien. Hie géif gesinn wéi seng Frëndin trotz de Paparazzien an der grousser Opmierksamkeet d’Liewen genéisse géif. An dofir wéilt hien net dee sinn, deen sech wéinst dem Taylor sengem Promi-Status komesch behëlt.
De Kelce hat jo probéiert virun e puer Méint dem Taylor seng Nummer ze kréie mee et hat net geklappt mee dunn huet eng Persoun vum Taylor sengem Team de Kontakt hiergestallt a si u sech zesummebruecht. Vill Kolleegen hätten dem Travis gesot hie soll dat mam Taylor net versauen.