Hatt huet zougestëmmt eng Geldstrof vun iwwer 7 Milliounen Euro ze bezuelen.

De Prozess wéinst Steierbedruch géint d’Shakira gouf zu Barcelona elo agestallt. An dat no engem Accord mam Parquet. De Riichter huet uginn, dass d’Sängerin sech beim Accord schëlleg bekannt huet. Hatt huet acceptéiert eng Geldstrof vu 7,3 Milliounen Euro ze bezuelen. Och gouf et eng Prisongsstrof vun 3 Joer mat Sursis.

D’Shakira war perséinlech op sengem Geriichtstermin komm. Dat ganzt konnt een an engem Livestream vun der Justiz verfollegen. D’Sängerin huet ganz genéiert geschéngt a ganz lues op d’Froe geäntwert. Rieds ass hei vu Steierbedruch am Wäert vu 14 Milliounen Euro a Spuenien. Mat deem Accord ass de Prozess also elo eriwwer.

Lauschtert hei alleguer d'Prominews vum Dag!