De Literaturministrant JérÎme Jaminet presentéiert déi bescht SÀiten vun der Genre Fiction.

Firwat liesen?

Literatur ass nach ëmmer de beschten Impfstoff géint de Corona-Blues, e Virschlaghummer fir aus de agemauerter Tristesse auszebriechen. Literatur dréit eis, gëtt Halt, verhënnert de Stuerz an den Ofgrond.

Bicher maache schéin, schlank a sexy. Seet den Denis Scheck, e bekannten dÀitsche Literaturkritiker. Foussnott: Si maachen och schlau, wuertgewant, weltoppen, kreativ, relax, gutt gelaunt, a munchereen frëndlech. Ausserdeem liewe Lieser méi laang. Am Schnëtt zwee Joer.

Weider Argumenter fir e Bichermarathon? Wann ech gelift:

Wat liesen?
Keng liicht Fro. De Choix ass nÀmlech zimlech vaste. Eleng bei eis kommen am Joer eng 100 nei Bicher op de Marché. An DÀitschland sinn et der ongeféier 200 - den Dag!

RTL

© gutezitate.com

Gutt, datt den Eldo-Literaturexpert de richtege Bicher-Richer huet. Ob Thriller, SciFi, Fantasy, Comedy oder Young Adult Fiction: De JérÎme Jaminet wees, wat ënnert de Liesbrëll gehéiert.

Op dëser Plaz recommandéiert hie vun elo un déi beschte Bicher fir d'Héngerhaut, d'HÀerzpompel, d'Laachmuskelen an déi gro Zellen.

Bis dohin: #ReadOn.