Jidderee vun eis kennt op d'mannst een Hännes. A wann net, kéint dat ee ganz bestëmmte Grond hunn...

Lauschtert hei de Reportage

Eng Coqueluche huet am Däitschen eemol Stickhusten geheescht. Dat weess ech, well ech domat an der Klinik louch. Viru bal zéng Joer, wéi den Ausdrock engem Routstëft vun der Dudenredaktioun zum Affer gefall ass. Iergendwellech Lexikographen hunn nämlech gemengt e Begrëff wéi Vollpfosten misst een éischter am faméisen Dictionnaire noliese kënnen. Zwar bedeit deen eppes ganz aneres, ma dofir komme Leit, di esou vernannt ginn, an der Realitéit däitlech méi dacks fir.

Wann een den Auteur Carlo M. Cippola beim Wuert huelen dierf, dann ënnerschätze mer nach d’Unzuel un Eefalten op der Welt. Des Behaaptung huet de renomméierten italienesche Wirtschaftshistoriker schonn an de 1970er a sengem ursprénglech fir Frënn geschriwwenen Aufsatz "The Basic Laws of Human Stupidity" zum éischte vu fënnef Gesetzer vun der mënschlecher Dommheet erhuewen.

Mëttlerweil ass dëst onbedéngt liesenswäert Täschebuch zwar op Däitsch vergraff, ma op Englesch an op Franséisch kann een et nees nei entdecken. Da gëtt ee gewuer, datt d’Topegkeet leider an alle Kulturen a Schichte gläich heefeg virkënnt, datt en Idiot dowéinst en Idiot ass, well en engem aneren esouguer op eege Käschte schuede géif an datt et Leit, déi et selwer net sinn, eng deier ka ginn, wann se sech mat esou engem Dräibiz ophalen.

RTL

© Wikipedia

An dëser formidabeler Parodie op déi fuerzdréche quantitativ Fuerschung mat hirer scheinbarer Objektivitéit dréckt eis de Carlo M. Cippola tëscht all Zeil een Aen zou an erkläert iwwerdeems, firwat domm Leit déi geféierlechst Vertrieder vun der Spezies Mënsch sinn a wat se vum Samariter op der enger Säit a vum clevere Bandit op der anerer ënnerscheet.

"The Basic Laws of Human Stupidity", dat sinn 71 Säite Frëschzellekur fir d'Gehier.

#ReadOn