Männer gitt ärer Fra net friem. Éischtens well et moralesch net korrekt ass. Zweetens well et ellen ausgoe kann - an zwar fir iech.

D’Lucy ass eppes iwwert Drësseg a gefaangen an de Routine vun engem Mammen- an Hausfraeliewen. Eigentlech wollt si Karriär maachen. Ma déi mécht elo hire Mann Jake, op der Uni. An d’Lucy wuddert doheem, botzt a streckt a kacht a këmmert sech em d’Kanner. Wa se mol e Moment fir sech eleng wëll sinn, da parkt si déi zwee Lausbouwe virun der Telé.

Lauschtert d'Buchkritik hei:

Si hat sech dat alles ganz anescht virgestallt. A scho guer net hätt se geduecht, datt enges Dags den Telefon rabbelt a si ze héiere kritt, datt hire Mann e matratzesportlechen Auswäertsmatch mat enger eelerer Aarbechtskolleegin hat.

Fir de Mariage ze retten, schléit den Jake vir, datt d’Lucy Revanche hëlt, datt si sech, ouni ze soe wéi a wéini, dräimol un him rächt. Tjo, aller schlechten Dinge sind drei. Eng dovun ass Briechmëttel an de Liiblingsnuddele vum Jake. Gudden Appetit.

Déi brittesch Schrëftstellerin Megan Hunter, Joergang 1984, erzielt an hirem zweeten, sproochmächtege Roman „Die Harpyie“ mat Motiver aus der Schwaarzer Romantik d’Emanzipatiounsgeschicht vun enger Fra, déi de Kader vum traditionelle Rollebild endlech sprengt.

RTL

© Steven Kenny

De Stoot, d’Kanner, d’Verantwortung dofir, datt d’Fassad vun engem sténknormale Familljeliewen oprechterhale bleift, alles dréit, neen, erdréit d‘Lucy. Bis de Mann friemgeet. An d’Roserei a Raserei ëmschléit. D’Lucy verwandelt sech geeschteg a kierperlech, rächt sech an entflitt. Staark, fräi, onofhängeg wéi e mythescht Mëschwiesen aus Fra a Vugel, wéi eng Harpyie.

#ReadOn

Megan Hunter: Die Harpyie (Roman)
Verlag C.H. Beck
229 Säiten
ISBN: 3406766633
EAN: 9783406766633