Huet de Kultregisseur Tarantino säi leschte Film tëscht zwee Buchdeckele gequëtscht?

Hollywood, dat ass e Synonym fir Popcornfilmfabrik, e Multimilliardebusiness, eng Schmatt fir Staren a Stärercher an d‘Spillwiss vun engem Kultregisseur mat Oscar am Schaf, dee schonn all Konventioune vum Kino gesprengt huet an sech wuel sot: Allez hëpp, ech changéieren d’Konschtform a schreiwen e Roman.

Lauschtert d'Buchkritik hei:

Ech mengen de Quentin Jérôme Tarantino, bekannt fir Pulp Fiction, Django UnchainedInglorious Basterds an aner bluttverschmierten Zelluloidsträifen, op deenen net manner genësserlech geflucht, gefoltert a gekäppt gëtt wéi an Downton Abbey Téi gedronk.

A sengem bis ewell leschte Blockbuster Once Upon a Time in Hollywood versicht en ausgelutschte Western-Schauspiller mat Hëlllef vu sengem Stuntdouble a Kolleeg nees op d’Been ze kommen. Dat Ganzt spillt an de spéide 60er Joren, an der Zäit vu Flower Power, LSD an Charles Manson.

Tjo, an elo ass eng Art Director’s Cut vun dësem Film a Buchform erauskomm. Paradoxerweis léisst d'Buchstawe-Versioun deen onverkennbaren Tarantino-Touch vermëssen, obwuel et aus der Fieder vum Maestro héchstperséinlech staamt.

Meng Prognose: Wien net grad e Cineast oder en agefleeschte Fan vum Hollywood-Anarcho ass, dee wäert sech duerch déi 400 Säite gaapsen, falls en net virzäiteg ofbrécht. Dat läit un de ganze Fachsimpeleien iwwert Filmgeschicht, déi d’Handlung einfach net vun der Plaz komme loossen.

No dësem literareschen Exkurs mécht de QT villäicht nach ee Film. Et wier säin zéngten. Am Gespréich sinn eng Kill-Bill-Fortsetzung an, elo haalt iech fest, eng Rambo-Neiverfilmung. Duerno soll Schluss si mat Hollywood. Dat heescht méi Zäit fir d’Famill a fir déi eege Kinoen. Vun enger zweeter Karriär als Romanauteur ass him éischter ofzeroden.

#ReadOn (awer eppes aneres w.e.g.)

Quentin Tarantino: Es war einmal in Hollywood (Roman)
Kiepenheuer & Witsch
416 Säiten
ISBN: 9783462002287