Wéi reagéieren Fraen a Männer wa Si erotesch Biller kucken? Domat beschäftegt sech d'Agnieszka Peczkowska an senger Dokteraarbecht a mécht dozou eng Etude.

Geheimnisser vun der Sexualitéit mat Hëllef vu wëssenschaftlechen Methoden erfuerschen. Domat beschäftegt sech d‘Agnieszka Peczkowska a senger Dokteraarbecht op der Uni Lëtzebuerg. Dozou mécht d’Fuerscherin och eng Etude. Dobäi wëll hat erausfannen wéi eng erotesch Biller Männer a Fraen umaachen respektiv wéi d’Leit reagéieren wa se sou Biller kucken.

D’Cynthia huet mat der Fuerscherin geschwat a verréit iech elo ëm wat et do genee geet.

Lauschtert hei d'Reportage:

Leit déi interesséiert sinn un dëser Etude deelzehuelen, kënne sech beim Agnieszka Peczkowska mellen (agnieszka.czeluscinska@uni.lu oder 46 66 44 9365)