Pokemon Go ass deen neisten Hype! En neit Trendspill bei deem een sech nees beweegt a virun d'Dier kënnt...

Eng nei App, déi eigentlech nach guer net am europäeschen App a Play Store ze kréien ass, brécht am Moment all Rekorder! D'Spill ass, wann et da bis ze kréien ass, gratis a bréngt d'Leit nees méi un d'Loft virun d'Dier! Am Spill geet et nämlech drëms, esou vill wéi méiglech Pokemon ze fänken an Arenaen anzehuelen, an déi kënne scho mol e puer Kilometer ewech sinn. Iwwer GPS, kritt ee Points of Interests ugewisen a kann duerch ronderëm lafen an trëppelen nei Pokemon entdecken a fänken.

An "e puer Deeg" soll d'App dann och endlech bei eis ze kréie sinn, sou de Wall Street Journal. D'App ass am Moment um beschte Wee méi erfollegräich ze gi wéi Twitter!