
© Catch a Smile / Thessaloniki am Juni 2016
'Catch a Smile' fiert elo fir déi 9. Kéier dëst Joer a Griicheland, fir dohannen de Flüchtlingen ze hëllefen déi op Hëllef dréngend ugewise sinn.
D'Flüchtlingskris kritt keen Enn. Dausende vu Mënsche sinn nach ëmmer um Wee a Richtung Europa. Vill Fräiwëlleger setzen sech un de Grenze fir d’Mënschen op der Flucht an, esou och déi Lëtzebuerger ASBL 'Catch a Smile‘. Ee Grupp vu Volontäre fiert regelméisseg an d‘Flüchtlingscampen a Griicheland. D’Nächst Woch geet et nees lass, an et ass dann och well déi 9. Kéier dat een a Griicheland fiert, fir de Leit ze hëllefen.
Zu Idomeni zum Beispill huet sech d'Situatioun verännert. Zënter dat de Wëlle Flüchtlingscamp dohannen am Mee zougemaach gouf, goufen d’Flüchtlingen a provisoresche Campen ënnerbruecht, déi alles anescht wéi optimal wieren, erkläert d’Yolande Koster vu 'Catch a Smile':
Donieft wier déi medezinesch Versuergung net immens an och d’Iessen wier ee grousse Problem.
Elo steet och nach de Wanter virun der Dier an d’Campen a Griicheland, virun allem am Norde vum Land, wiere net wierklech fir de kale Wanter equipéiert...
D’Flüchtlingegéingen och wéineg bis guer keng Informatioune kréien, a wéissten deemno och net wéi et viru geet well d’Grenzen zou sinn. Sou d’Mënschen dohannen natierlech frustréiert sinn, nach eemol d'Yolande Koster:
Vum 23. bis den 31. Oktober si 5 Volontäre vu 'Catch a Smile' op der Insel Chios am Asaz, wou och de Moment eng Laangzäit-Volontärin sur place ass. D'Jo Bidinger ass fir 6 Wochen do a schafft an der 'Chios Refugee School'. Eng Schoul déi vun der Schwäizer Organisatioun 'Be aware and share' an d'Liewe geruff gouf. 'Catch a Smile' ënnerstëtzt dëse Projet vun Ufank un a bezilt de Loyer a Stroum vum Gebai, wou Schoul dran ass.
Déi aner Equipe fiert da vum 24. Oktober bis den 1. November op Thessaloniki.
Jidderee kann hëllefen, erkläert d'Yolande Koster:
Oder eben a Form vu Spenden. Hei fënnt ee weider Informatiounen: