Mir ware bei der Avant-Première vum Kropemann dobäi. Hei sinn eis Andréck...

E Mëttwoch war d’Avant-Première vum neie Lëtzebuerger Film „Kropemann – A Mystery Tale“ am Utopolis.

Obwuel net jiddereen als Kand d’Legend vum Kropemann erzielt krut, ass et dach séier kloer ginn, dass jidderee sech op de Film gefreet huet. Wéi d‘Actrice Sofia Lopes an den Acteur Ben Turco gezielt hunn, ass dat speziellt un engem Lëtzebuerger Film, dass d'Leit Plaze gesinn, di se och soss esou am Alldag gesinn an erëmerkennen.

Ier de Film ugefaangen huet, hunn de Realisateur Petz Ernzer an de Kameramann Carlo Pallucca, de Public opgefuerdert de Fakt ze vergiessen, dass dëse Film ee ganz klenge Budget hat a sech einfach ënnerhalen ze loossen.

D‘Acteuren esou wéi hir Famillje ware präsent a beim Intro huet och jiddereen an d‘Hänn geklappt. Et huet ee gemierkt, dass jidderee frou an houfreg war, dass de Kropemann et no all deene Joren op de groussen Ecran gepackt huet.

De Film deen eng Mëschung tëscht Krimi, Horror a Komedie ass, war bis zum Schluss spannend. A wéi de Carlo Pallucco eis verroden huet, wiere si net ofgeneigt dovunner, eng aner lëtzebuerger Legend an de Kino ze bréngen.

Lauschtert hei d'Reaktioune vum Publik

Wéi gefällt de Kropemann?

© Eldoradio