
Ënnert dem Numm "Folie à 9 degrés" kënnt an e puer Wochen een neie lëtzebuerger Wäisswäin op de Marché. Lancéiert gëtt dee Produit vun engem Schülergrupp.
Am Kader vun engem Optiounsfach hunn 16 Premières-Schüler aus dem Kolléisch eng Firma gegrënnt mam Numm The Winemakers. Si hu festgestallt, dass di lëtzebuerger Wäisswäiner haut méi Alkohol enthalen wéi nach virun 20 Joer. Ënnert dem Numm « Folie à 9 degrés » proposéiere si deen éischte lëtzebuerger Wäisswäin mat manner Alkohol a manner Kalorien.
Detailer iwwert The Winemakers fannt der hei:
Lauschtert hei de Reportage:
Sidd dir och e Start Up a wëllt iech op Eldoradio presentéieren, da mellt iech per Email: startup@eldoradio.lu