D'Eppelduerfer Jugend wëllt mat enger Aktioun op d'LGBT-Problematik opmierksam maachen.

D'Eppelduerfer Jugend rifft am Kontext vum „Pride Month“, deen um Donneschdeg ugaangen ass all Lëtzebuerger Jugendclub op, en Zeeche géint Homophobie, Transphobie, Biophobie a Queerphobie ze setzen. Dofir fierft de Club zesumme mat 7 anere Jugendveräiner hire Logo an de LGBT-Reeboufaarwen, sou de President vum Jugendclub Fränz Friederes.

Ënnert de Veräiner, déi un der Aktioun deelhuelen ass och den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendveräiner. Wéi gesot geet et drëms ze weisen, dass all Mënsch, ob lesbesch, schwul, bisexuell oder transgender wëllkomm ass. Doriwwer eraus wéilt ee mat der Aktioun opklären a sensibiliséieren, sou de President.

Et géif een nach ëmmer an allen Deeler vun der Gesellschaft mierken, dass dës Begrëffer negativ konnotéiert sinn an et lesbesch, schwul, bisexuell oder transgender Persounen dacks immens schwéier hätten, sech z'integréieren.

Dofir invitéiert de Jugendclub all anere Jugendveräin bei der Aktioun matzemaachen. Et wéilt een als Jugend en Zeeche setzen an den éischte Schratt maachen, sou de President nach.

De Problem bei der Aktioun wier awer, sou de Fränz Friederes nach, dass vill Jugendveräiner guer net erreechbar gewiescht wieren. Déi meescht, déi ee kontaktéiert hätt, hätten awer positiv op d'Aktioun reagéiert. Déi vereenzelt negativ Äntwerten géifen donieft nëmme weisen, wéi problematesch d'Thema an der Gesellschaft nach ëmmer wier, sou de President.

Lauschtert hei de ganze Reportage: