Zu Bouneweg hunn sech e puer Leit zesummegedoe fir no Moyenen ze siche wéi een deene Benodeelegten am Land kann ënnert d'Äerm gräifen.

Eng nei ONG (organisation non-gouvernementale) léist den Ament vu sech schwätzen. D’Street Angels asbl vu Bouneweg sinn eng Organisatioun déi sech fir Leit um Existenzminimum asetzt. D‘Leit kréien dann iwwert divers Kollekte Kleeder, Iessen an Hygiènesartikelen all Woch zu Dispositioun gestallt.

Dobäi riicht een sech bei de Street Angels net nëmmen un eenzel Persoune mee natierlech och u Familljen déi sech knapp iwwert Waasser hale kënnen.

2 Aktiounen organiséieren d'Street Angels all Woch. Engersäits Samschdes wou een um Parking vun Amiperas an der Rue Dernier Sol vun 12h bis 19h Iessen, Hygiènesartikelen, Kleeder a fir klenger souguer Spillsaache verdeelt an all Mëttwoch 1, Dernier Sol am Bistro Social wou déi Betraffen d’Hoer fir näischt geschnidde kréien.

Iwwerleeunge fir de Service net nëmmen am Zentrum mee och am ganze Land z'offréiere kommen da lues a lues. Sou wëll een zum Beispill mei Sammelstellen opriichte fir d'Méiglechkeet ze hunn de leit mei direkt kënnen ze hëllefen.

Eng Situatioun déi de Comitésmember vun de Street Angels Luc nëmmen all ze gutt kennt, well virun net all ze laanger Zäit war hie selwer nach betraff.

Témoignage vum Luc Giacomantonio, Comitésmember vun Street Angels
Lauschtert hei de ganze Reportage