91 Schüler aus 8 lëtzebuerger Lycéeë goufe vum Europaparlament ausgezeechent, well se sech an hirer Schoul fir d'Opklärung vum Europaparlament agesat hunn.

8 Lycéeën aus Lëtzebuerg an 91 vun hire Schüler dierfen sech zanter e Méindeg als "Écoles Ambassadrices", respektiv als Junior-Ambassadeur vum europäesche Parlament bezeechnen. Des Éier gouf hinne während enger Zeremonie am Forum Geesseknäppchen am Lycée Aline Mayrisch accordéiert.

Lycée Hubert Clement, le Lycée Technique de Lallange, l’Atert-Lycée Rédange, le Lycée Technique d’Ettelbrück, le Lycée Classique de Diekirch, le Lycée Technique de Bonnevoie, l’Athénée de Luxembourg et le Lycée Aline Mayrisch 

D’Auszeechnung steet fir d’Engagement, dat déi Jonk am Kontext vun der EU gewisen hunn an deem se an hire Lycéeën Workshoppen ronderëm d'Thema vum Europaparlament organiséiert hunn an iwwert de Fonctionnement vun der parlamentarescher Demokratie an Europa opgekläert hunn.

Och den EU-Deputéierte Frank Engel heescht d'Initiative gutt an geet souguer sou wäit datt een an der Schoul nach méi op d’Thema Europa misst agoen, dat virun allem och fir d’Fakten a Fro ze stellen an d’Verbreedung vu Fake News z’ënnerbannen.

Dobäi sief gewosst datt nach 10 weider Lycéeën ageschriwwe sinn: École Privée Sainte-Anne, ECG, Lycée Nic Biever, École européenne I, Mamer Lycée Josy Barthel, Lycée Robert Schuman, Schengener Lycée, École Internationale de Differdange Esch/Alzette, Lycée Technique Privé Emile Metz, Lycée Technique Agricole, et Lycée Michel Lucius.