Dat mat Hëllef vun engem Reférentiel, deen dorop opbaut datt sech d'Acteure selwer Froe Stellen an hir Praxis verbesseren.

3 Associatiounen, déi sech géint d’Exploitatioun vu Kanner asetzen hunn sech en Dënschden getraff fir en Questionnaire ze presentéiere mat deem sech all d’Institutiounen aus Lëtzebuerg déi mat Kanner respektiv Mannerjäregen zesummeschaffe sollen drun inspiréiere fir hire Service ze verbesseren. Des 3 Associatioune sinn d’ECPAT, den Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand, kuerz ORK an d’ALUPSE, d’Association Luxembourgeoise de Pédiatrie Sociale.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Well och zu Lëtzebuerg ginn et wéi iwwerall op der Welt Problemer mam Ëmgang mat Kanner. Eleng 2016 hat d'Police a sengem "rapport de delinquances" festgehalen, datt 20 Plainte wéinst Gewalt géigeniwwer Kanner deposéiert goufen. D’Donkelziffer kéint awer nach vill méi héich sinn. Och d’Kannerhëllefswierk vun der UNO, d’UNICEF, hat an engem Rapport festgehalen datt ronn 13% vun de jonke Fraen, also all 8te Fra, schonn Affer vun engem Iwwergrëff war. D’Forme sinn dobäi ganz divers: den Direkter vun Ecpat Thomas Kauffmann, enger Associatioun déi sech géint déi sexuell Exploitatioun vu Kanner asetzt.

Dozou gehéieren dann dem Thomas Kauffmann, Direkter vun Ecpat, enger Associatioun déi sech géint déi sexuell Exploitatioun vu Kanner asetzt, net nëmmen de sexuellen, psycheschen oder physesche Gewalt, mä awer och d’Iwwerprotectioun oder d’Vernoléissege vun de Kanner.

De Questionnaire ass dann sou ze soen eng moralesch Referenz un där sech d’Institutioune kënne moossen an hir eege Praxissen a Fro stellen.

D’Resultat soll dann eng Verbesserung vum Service mat sech bréngen, well den Institutioune gewise gëtt wou een nach iwwerall kéint nobesseren.

Wann een eppes misst um Instrument aussetzen ass et, datt een sech nach net genee bewosst ass wei een de Programm soll weiderféieren. Eng Iwwerleeung d’Problemer aus den Institutioune festzehale gëtt et dem Thomas Kauffmann no, nach net. Et wier éischter emol en Pilotprojet deen aus dem Privatsecteur iwwerholl gouf. Hei ass et nämlech eng gängeg Praxis, datt een seng Aarbecht regelméisseg a Fro stellt fir d’Produktioun ze steigeren. Ob sech dat Ganzt och op d’Problematik vu Gewalt géigeniwwer Kanner iwwerdroe léisst ass ofzewaarden.

De Questionnaire “reférentiel concernant la protection de mineurs contre les violences” riicht sech un all Institutiounen oder Organisatioun am Land déi mat Mineuren zesummeschafft sou zum Beispill och Sportsclibb oder Jugendhaiser a Maison Relais'en.

Och un déi eenzel Ministère, notamment dem Educatiounsministère an de Familljeministère huet een sech gemellt fir eng Aschätzung ze kréien. Déi ass bis ewell ausbliwwen et steet een awer weider a Kontakt.

Den Thomas Kauffmann erhofft sech eben, datt iwwert déi Eegeninitiativ de Problem och fir d'Regierung méi visibel gëtt fir weider Pistë mat der Regierung z’envisagéieren.