Fir déi éischte Kéier zitt e Lëtzebuerger Fussballclub en eSport-Spiller u Land, dat fir e ganzt Joer elo emol...

Première zu Lëtzebuerg: En Donneschdeg den Owend war et endlech esouwäit, de FC Déifferdeng 03 huet zesumme mam eSport-Management 11F de Spiller revelléiert, dee fir 1 Joer wäert mam Déifferdenger Trikot op national an international FIFA18-Turnéiere geschéckt ginn.

Ciscinho heescht de Spiller, mam biergerlechen Numm Francisco Muñoz, a wäert fir déi ganz FIFA 18-Saison, also vu September 2017 bis August 2018 den FC Déifferdeng 03 am eSport, notamment am FIFA 18 representéieren.

De Fabrizio Bei, de President vum FC Déifferdeng 03, hate mir gëschter Owend och direkt am Interview an huet iwwert den neien Transfert gezielt.

De Fabrizio Bei iwwert de neien eSport-Transfert

Méi Detailer an Hannergrondinformatioune ginn et ausféierlech e Méindeg vun Owes 8 Auer un, dat an der Emissioun Highscore.