
© sosapp.lu
D’Touring Associatioun Lëtzebuerg huet eng nei App entwéckelt mat där een an Zukunft iwwerall kann erëmfonnt ginn: d’SOSAPP!
D’Iddi déi dohannert stécht ass et Leit am Fall vun engem Accident, enger Gewaltdot oder wann se sech verluer hunn, een Gadjet mat op de Wee ze gi mat deem een se zu all Zäitpunkt kann erëm fannen an deen d’Police an den 112 iwwert seng genee Plaz informéiert.
D’SOSAPP ass eng Applikatioun um Smartphone mat där een seng Lokalisatiounsdonnéeën un d'Rettungsdéngschter, d'Police oder un perséinlech Nummere ka schécken.
Sënn vun der App ass et also Leit déi sech verluer hunn oder en Accident Abseits vum Stroossennetz haten direkt kenne ze lokaliséieren fir hinnen zu Hëllef ze kommen. Well an sou Situatiounen zielt all Sekonn.

© Robyn Beck / AFP
D'App funktionéiert dann iwwert ee System dee mam Handysreseau verbonnenen ass. Op dr App dréckt een dann ee Knäppchen, deen eng virgefäerdegt SMS mat engem Message a 7 sproochen an déi genee Coordonnée un de nationale Rettungsdéngscht schéckt.
Si brauch keng Internetconnectioun. Ausser natierlech wann een d’App aus dem Store op de Smartphone lued.
De System funktionéiert och am Ausland, esou laang de Rettungszenter am concernéierte Land och ee Service huet dee SMS liese kann.
D’App ass Gratis an ass fir IOS an Android a 4 Sproochen ze kréien. D’Donnéeën, déi den Handy weidergëtt ginn net vun der SOSAPP gespäichert an et gëtt och kee Profil vun den Useren opgestallt, verséchert de Pascal Berchem.
Fir méi Informatiounen: