Den Dënschdeg de Mueren hunn Police, BeeSecure an de Kanner- a Jugendtelefon e Guide fir Affer vu Cybermobbing an deenen hir Uspriechpartner presentéiert.

De Guide soll eng éischt Upak fir Affer vu Cybermobbing sinn, fir dass déi di richteg Ulafstellen, respektiv déi richteg Schrëtt kënne maache fir sech Hëllef ze sichen. Vun der Police huet et geheescht, dass een als Betraffenen sech onbedéngt sollt traue fir e Fall vu "Cybermobbing" ze mellen.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

De Guide soll dofir och weisen, dass een sech dëst och kann trauen. Och intern soll de Guide dozou bäidroen d’Beamte selwer ze sensibiliséieren. Donieft sief och gesot, dass de Begrëff “Cybermobbing” u sech net als Strofdot am Gesetz fixéiert ass. Ma an der Reegel ginn direkt e puer Gesetzer an esou Fäll gebrach a genee déi zielt de Guide och op. Dëst soll den Affer an eben och der Police den Ëmgang mat der Thematik vereinfachen.

© BeeSecure/Police

D’Barbara Gorges-Wagner vum Kanner a Jugendtelefon huet donieft nach de Problem ugeschwat, dass grad wat Cybermobbing ugeet dacks géif bagatelliséiert ginn. Wichteg wier dofir, dass Kanner a Jugendlecher Ënnerstëtzung kréien. “Et gëtt hëllef, ma et muss een sech trauen sech se sichen ze goen”, esou den zentrale Message vum Barbara Gorges-Wagner.

© BeeSecure/Police

Dofir sollen och déi iwwer den Ëmgang mat Cybermobbing-Fäll opgekläert ginn, déi Ulafstell fir Kanner solle sinn. Elo scho läit d’Broschür an de Policebüroen aus, deemnächst sollen se och an de Schoulen an an de Maison Relaisë leien.

© BeeSecure/Police

© BeeSecure/Police