
© AFP/File/LOIC VENANCE
Ëm wat geet et beim Facebook - Cambridge Analytica Skandal? A wéi kann ee sech schützen?
Déi jéngsten Daten-Affär bei Facebook zitt weider Kreesser. Wéinst dem Datemëssbrauch vun iwwer 50 Millioune Facebook-User fuerdere Politiker an Dateschützer Konsequenzen. De Facebook-Chef Mark Zuckerberg muss wuel deemnächst virum US-Kongress an dem britesche Parlament Ried an Äntwert stoen.
Mä ëm wat geet et bei deem Datemëssbrauch konkret, a wéi kann ech meng Daten op Facebook schützen? Mir hu mam Matthieu Farcot vu Securitymadein.lu doriwwer geschwat.
Konkret geet et drëms dass sech déi britesch IT-Entreprise „Cambridge Analytica“ iwwer Facebook, Zougrëff op Date vu Millioune Notzer verschaf huet. Dobäi geet et awer net ëm een Dateleck am eigentleche Sënn, erkläert de Matthieu Farcot Jurist vu BeeSecure:
Selwer kann ee kucken wéi eng Apps op déi eegen Informatiounen zougräife kënnen.
Wichteg wier et jiddefalls ëmmer déi allgemeng Konditiounen ze liesen, och wann een dozou net ëmmer Loscht huet.
Lauschtert hei d'Reportage: