Wann d'Wieder um Siweschléifer-Dag gutt ass, bleift dat och esou fir déi nächst 7 Wochen. Wat ass dann dorunner drun an vu wou kënnt dës Reegel?

Fir de Siweschléifer-Dag war et zwar net méi grad esou waarm, wéi déi lescht Deeg, ma awer goufen ëm déi 32 Grad fir Lëtzebuerg gemellt. Och fir déi nächst Deeg gëtt et weider hëtzeg. Eng al Bauerereegel seet deemno, datt wann op deem Dag d'Sonn schenkt, bleift dat esou déi nächst 7 Wochen. Oder anescht gesot: Wann de 27. Juni d'Wieder gutt ass, da gëtt et e richteg gudde Summer. Ma vu wou kënnt dës Bauerereegel dann? Wisou huet een sech grad de Siweschléifer als Orakel fir d'Wierder erausgesicht?

Eigentlech geet et hei ëm eng Legend ronderëm d'Verfolgung vu siwe jonke Chrëschten. Si goufe verfollegt a sollten duerch e Kaiser ëmbruecht ginn. Ma Gott huet si an e laange Schlof versat, de Kaiser duecht si wieren dout an huet se – eigentlech lieweg – begruewen. 200 Joer drop sinn se nees erwächt an domadder sinn d'Chrëschten an hirem Glawe gestäerkt ginn, datt et eng Operstéiung wierklech gëtt. Déi sougenannte "Siwe Schléifer" sinn domadder als Helleger veréiert ginn an um 27. Juni gëtt hinnen da geduecht.

Deemno huet deen Dag näischt mam Siweschléifer – dem Déier – ze dinn. Eng méi modern Versioun ass, datt d'Bauere fréier ouni Wiederdéngscht an Appen um Handy anescht hu missten erausfannen, wéi d'Wieder gëtt. Et ass hinnen dunn opgefall, datt et gewëssen Deeg ginn, op deenen een d'Wieder fir eng méi laang Zäit viraussoe kann. Sou Deeg ginn och "Lous-Deeg" genannt. De 27. Juni ass dann als esou een Dag erausgesicht ginn a well op deem Dag de 7 hellege Chrëschte geduecht gëtt, schwätzt ee vum Siweschléiferdag.