D'Fouer ass e Mekka fir Schneekegkeeten a richteg leckert Iessen. Wat kascht de ganze Spaass dann dës Editioun? Ass et méi deier ginn?

Wat ee méi al gëtt, wat d'Spiller op der Fouer net méi grad esou interessant sinn. Ma nieft den Attraktioune bitt d'Schueberfouer natierlech och gutt Iessen a Gedrénks. Eng klassesch Lëtzebuerger Grillwurscht kascht sou nach ëmmer tëscht 3 an 3,50€. D'Mettwurscht gëtt et fir 3,50, mee kann och an anere Buden 4€ kaschten. Den Hamburger variéiert tëscht 3,80 a 5€ a fir en Cheeseburger muss een dëst Joer tëscht 4,50 a 5,50€ op den Dësch leeën.

Déi beléifte Gromperekichelcher (3 Stéck) ginn et fir 4,50€ (ouni Kompott, dee kascht extra), op e puer Plaze sinn dës souguer 5€. D'Portioun Fritte schléit mat 3 bis 3,50€ an de Portmonnie. Eng Portioun Bami-Nuddele ginn et fir 5€. Fir all Fouer-Begeeschterten ass de gebakene Fësch e Must! Hei ass de Präis vu Bud zu Bud ënnerschiddlech. Bei verschiddene kritt een de komplette Fësch mat Fritten an Zalot fir 24,50€, bei anere muss ee scho mol bis zu 27,50€ op den Dësch leeën.

De Fësch eleng kritt ee schonns fir 21,80€. Wann ee de gebakene Fësch doheem genéisse wëll, da kritt een e schonns fir 17,10€. Hei lount et sech op alle Fall d'Präisser vun de Buden e bëssen ze vergläichen. Den Eisekuch mat Zocker ass fir 3€ ze kréien an eng Barquette Churros ginn et vun 4,50€ un. De kale Mini kritt ee vun 3€ un. An de Bude selwer variéiert de Präis liicht. D'Hunnegdrëpp ass vun 3€ un ze kréien an d'Cola am 0,4l schléit op puer Plaze mat 4,40€ an de Portmonnie.

D'Präisser fir dës Editioun!