De Méindeg geet fir e ganze Koup Schüler erëm den Eescht vum Liewen un an déi mussen sech no der Vakanz dofir emol erëm un de Schoulbetrib gewinnen.

Elo geet fir ganz vill Schüler den Eescht vum Liewen nees un. No enger laanger Vakanz geet et nees an d'Schoul.

Ma och fir d'Eltere stellen sech erëm nei Erausfuerderungen, dat selwecht gëllt natierlech och fir déi ganz kleng, déi fir déi éischte Kéier a Kontakt mat der Schoul kommen, d'selwecht fir den Iwwergang vu Fondamental an de Secondaire.

Genuch Schlof a kee Stress um Mueren

Alles fänkt domat un no der Summervakanz erëm an der richtege Rhythmus ze kommen. Genuch Schlof ass e Muss an domat evitéiert een, dass Schüler sech schlecht konzentréieren an emotional iwwerlaascht sinn.

An dann ass et och esou, dass Ritualer gutt sinn, si hëllefe Kanner beim Aschlofen awer och beim Opstoen a sollen en entspanende Kontrast zur Hektik während dem Dag sinn, seet d'Barbara Gorges-Wagner vum Kanner-Jugend-Telefon.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Schlagwierder Entspanung an Disponibilitéit

Och wann dat net esou einfach ass wéi gesot, gëllt fir d'Eltere wa méiglech entspaant ze bleiwen an do ze sinn an nozelauschteren.

Beim Léiere wier et iwwerdeems esou, dass Elteren hei vill kéinten dozou bäidroen. Wann e Schüler z.B. demotivéiert ass an et emol net esou gutt geet, kann een hei déi positiv Saachen an Erfolleger ervirhiewen. An och Feeler wiere keen Drama, esou d'Barbara Gorges-Wagner nach.

Den Dag net ze voll paken

Och wat d'Organisatioun an d'Selbststännegkeet ugeet, sollt een sech als Elteren zesumme mam Kand eraschaffen. Iwwerdeems sollt een de Schüler awer och Fräizäit ginn an hiren Dag net komplett voll paken. Dobausse spillen, frësch Loft, eng entspaanten Ambiance awer och Beweegung an Zäit fir erof ze komme wieren Aspekter, déi een op kee Fall sollt ënnerschätzen.