Um Freiden Owend gouf et di éischt vu gläich e puer Avant-Premièren am Lëtzebuerger Kino.

De Public war op der éischter offizieller Virféierung dann och richteg zefridden.

Di 2 grouss Säll am Kinepolis Kierchbierg ware voll. Dacks gouf gelaacht an nom Film gouf et ganz vill positiv Stëmme virum Eldo-Mikro.

Lauschtert hei d'Meenunge vum Public nom Film:

De Félix Koch wot sech fir säin éischt grouss Wierk direkt un e Lëtzebuerger Monument: de Superjhemp!
War deen iwwerhaapt eng Kéier fort?

Dat ass wuel dat éischt, wat ee sech freet, wann een un de Film "De Superjhemp retörns" denkt.

Firwat de Superjhemp, excellent gespillt vum Änder Jung allerdéngs zeréck komme muss, erkläert sech séier iwwer dem Kucken!

Vun Ufank un ass een am Film gepaakt. Immens séier vergeet d'Zäit.

D'Geschicht ass flësseg, spannend a virun allem eent:
Ënnerhalsam!

Wee scho fréier beim Papp an de BDe vum Superjhemp gebliedert huet wäert alles erëmfannen. Egal op Juxair, RTLhell oder och de Politiker "Bretell" oder den Haff-Schneider mam passende Virnumm: Etienne.

Et ass e Film deen erofgeet wéi Botter an dacks muss ee laachen.

Egal ob den Haff, d'Police (mam excellente Luc Feit) oder d'Medien op d'Schëpp geholl ginn. Et funktionéiert.

Fir den Haaptacteur Änder Jung alias Superjhemp war et eng Éier de Lëtzebuerger Superheld duerfen ze spillen. Eng Éier, déi ee sou just eng Kéier kritt, mengt den Acteur no der éischter Virféierung vum Film.

Als Lëtzebuerger (och net Superjhemp-Lieser/Kenner) sollt een sech de Film net entgoe loossen!

Definitiv e Stéck Filmgeschicht.

Ah jo... an et ginn:

4,5 vu 5 Kachkéisdëppercher

E Minus vun engem hallwe Kachkéisdëppche gëtt et well d'Fléie vum Superjhemp zwar iwwerzeegt, aner Special-Effects awer net esou ganz mathale kënnen. Wat dem Film awer net wierklech schued!

Pressekonferenz no der Virféierung fir d'Medien / © eldoradio