Sicht 6 Lidder eraus, fir d'Lëtzebuerger am EU-Songbook, der éischter Sammlung vun europäesche Lidder, ze representéieren.

Am Dezember 2019 wëllt d’EU eng éischt Kollektioun mat europäesche Lidder eraus bréngen. Och Lëtzebuerger Titelen sollen do vertruede sinn. D'Lëtzebuerger ginn deemno opgeruff, 6 Lidder aus hirer Heemecht eraus ze sichen, déi si am sougenannten EU-Songbook sollen representéieren.

Nach bis de 25. November kënnen d’Lëtzebuerger um Internetsite vum EU Songbook hir Stëmm ofginn. Am Dezember 2019 soll d’EU-Songbook da publizéiert ginn. Hei wäerten 162 Lidder ze fanne sinn, déi souwuel an hirer Originalversioun wéi och op Englesch gedréckt ginn. Ziel ass dass d’Awunner vun de Memberstaaten sech iwwert hir Vollekslidder besser kenneléieren.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Léift:
1. D'Pierle vum Da – (Edmond de la Fontaine "Dicks")
2. Gëff mir eng Bees – (Edmond de la Fontaine "Dicks")
3. Du brauchs mir näischt ze schwieren – (Edmond de la Fontaine "Dicks")
4. Et si vill schéi Rousen an der Stad – (Edmond de la Fontaine "Dicks")
5. Hey du – (Cool Feet)
6. Et wor emol e Kannonéier – (Edmond de la Fontaine "Dicks")
7. Jalous – (Marion Michels/Poutty Stein)
8. Manyla – (Louis Petit)
9. Meng Freiesch ass en hierzegt Kand – (Edmond de la Fontaine "Dicks")
10. Millioune Blummen – (Jang Linster)

Natur a Joreszäiten:
1. D'Margréitchen (Laurent Menager/Michel Lentz)
2. Aus de Bierger durch den Dall (Charles Günther/Jean-Pierre Dieschbourg)
3. Mäin Éislek (Albert Thorn/Willy Goergen)
4. Blo Blimmchen (Edmond Lentz/Michel Lentz)
5. Fréijoersliddchen (Tony Schuster/Michel Lentz)
6. Gréng ass de Bësch an d'Blumme bléien (Gustav Kahnt/Nicolas Steffen Pierret)
7. Am Gäertchen (Laurent Menager/Michel Lentz)
8. Am Wanter geet d'Sonn scho fréi schlofen (Josette Fabeck)
9. Zéi'n d'Huergänse fort, a friem Länner (?/Michel Hever, Hary Trauffler)
10. Meereenchen (Jean-Pierre Kemmer/Jean-Pierre Kirchen)

Fräiheet a Fridden:
1. De Feierwon (Jean Antoine Zinnen/Michel Lentz)
2. Mir si glécklech, mir si fräi (Michel Lentz)
3. Verlaangeren (Louis Petit)
4. D'Lidd vum Théiwesbuer (Jean-Pierre Kemmer/Fritz Weimerskirch)
5. Zu Lëtzebuerg stong d'Siegfriedsschlass (Edmond de la Fontaine „Dicks")
6. An Amerika (Edmond Lentz/Michel Lentz)
7. Bopebistrot (Serge Tonnar)
8. Dobaussen (Cosimo Colaci/Lily Moro)
9. Ee Recht op e Liewen (Max Molling)
10. D'Geld regéiert d'Welt / Gucci Gucci Gucci Armani (Dëppegéisser)

Vollekslidder:
1. Wéi meng Mamm nach huet gesponnen (Edmond Lentz/Michel Lentz)
2. Zu Arel op der Knippchen (trad./Mathias Schou)
3. D'Schuebermëss / Den Hämmelsmarsch (trad./Michel Lentz)
4. Kättchen, Kättchen, bréng mer nach e Pättchen (Jean Eiffes/Willy Goergen)
5. De groussen Hexemeeschter (Edmond de la Fontaine „Dicks")
6. D'Hechtercher aus der Stad (Vincent Scotto/Louis Petit)
7. Un der Atert (trad./Jean-Pierre Welter)
8. Lëtzebuerger Spezialitéiten (René de Buxeuil/August Donnen)
9. Belsch Plaasch (Serge Tonnar)
10. De Jangli fiert den Houwald erop (Henry Warren/Fernand Wark)

Lidder, déi de Glawen zum Thema hunn:
1. Léif Mamm, ech weess et net ze so'n (Joseph Biwer/Wilhelm Weis)
2. O Mamm, léif Mamm do uewen (Pierre Barthel/Charles Müllendorff)
3. An der grousser hell'ger Nuecht (Mathieu Lamberty/ Albert Elsen)
4. Aus dem Himmelssall (Victor Goldschmit/Willy Goergen)
5. Nu looss et an dir stëll ginn (Jos Kinzé/Albert Elsen)
6. Wie unsre Väter flehten (Jean-Pierre Beicht/Nik Welter)
7. Aus der Kannerzäit (Edmond Lentz/Michel Lentz)
8. Krëschtdag (Ab Van Goor/Jang Linster)
9. Krëschtowend (Jean-Paul Frisch/Pir Kremer)
10. Mir gréissen dech am Heemechtsdoum (Albert Thorn/Willy Goergen)

Kannerlidder:
1. Klëmmt ee Männchen d'Leeder 'rop (Paule Koster)
2. Léiwe Kleeschen (Madeleine ‚Pëppy' Beicht/Willy Goergen)
3. Léiwer Härgottsblieschen (trad.)
4. Am Uewe potert d'Feier (Chrétien Clement)
5. Et wor emol en Hieschen (Tony Schuster/Marcel Reuland)
6. Himmelsdéierche fléi (Théodor Decker/Willy Goergen)
7. Metti Spaghetti (Ab van Goor/Jang Linster)
8. De Kueb an de Fuuss (trad./Michel Lentz)
9. D'Hiesche sëtzt am Rommelstéck (Théodor Decker/Willy Goergen)
10. Ech si frou (Ab van Goor/Jang Linster)