
De Lëtzebuerger Producer Filipo vum Duo Iceleak
Den Italiener Nelson Tordera an den Lëtzebuerger Filipo Gorla sinn zanter engem gudde Joer als Duo ënnerwee-ënnert dem Numm Iceleak maachen si EDM/Elektro.
De Filipo kënnt aus der Elektro Club Szene, den Nelson huet an engem Conservatoire studéiert an och scho Musek fir bekannt Designermarken komponéiert.
Zu Milano hunn di 2 Museker sech kenne geléiert an decidéiert hir ënnerschiddlech musikalesch Aflëss am Projet Iceleak ze kombinéieren.
Kuerz drop gouf den hollänneschen Star-DJ Tiesto op den Duo opmierksam an huet e puer vun hire Singelen op sengem eegene Label eraus bruecht, dorënner d’Single „Don't Leave Me“.
Lauschtert hei de ganze Reportage