Mat handgemaachtem "Seefen-Pabeier" wëllen 8 Schüler aus dem Lycée Michel Lucius d'Leit dozou animéieren hir Hänn och ënnerwee grëndlech ze wäschen.

Am Kader vum Projet Mini-Entreprises si Schüler aus dem Enseignement Secondaire général a Secondaire classique responsabel fir hiren eegene klenge Business.

Esou och 8 Schüler aus dem Lycée Michel Lucius, déi de Projet "Soap2Go" lancéiert hunn. Am Eldo Interview hunn d'Kim, d'Salomé an d'Melany verroden: De Numm ass Programm! - "Soap2Go" ass, mat senger handlecher Form, eng Seef déi ee ganz einfach iwwerall mathuele kann.

Ma déi kleng Blieder, op deenen d'Seef drop ass, soll net nëmme praktesch si mee d'Leit och dozou opfuerderen hir Hänn laang genuch ze wäschen. Dowéinst braucht de Produit och gewollt 1 Minutt laang fir sech vollstänneg am Waasser opzeléisen.

© Eldoradio

Nodeems D'Schüler erausfonnt haten datt et esou ee Produit, wéi hiren, nach net hei zu Lëtzebuerg um Marché géif ginn, hu si sech direkt un d’Produktioun gemaach. Dobäi war hinnen awer och wichteg aus wat d’Seef besteet an datt se souwuel Ëmwelt wéi Déierefrëndlech ass.

Um Marché fënnt een déi handgemaachte Seef och schonn, souguer speziell Editiounen, sou genannten "limited Editions", goufen et a sollen et och weiderhi jee no Saison ginn. Ausserdeem hunn d'Schüler vir en Deel vun hirem Benefice un e gudden Zweck ze spenden.

© Eldoradio

Méi Informatiounen zu der Mini-Entreprise fannt der op der Facebook Säit "Soap2Go" oder op Instagram ënnert "Soap2Golu".

Lauschtert hei de kompletten Interview!