Mam Motto "change your habit" wëll d’Mini-Entreprise Pro'Oc Leit fir Upcycling begeeschteren, an dovun ofbrénge Plastikstuten ze benotzen.

9 Schüler aus dem Michel Lucius hunn 2018 d'Mini-Entreprise Pro'Oc gegrënnt. Hannert dem Markennumm, deen eigentlech eng Ofkierzung ass, verstoppt sech de Message "protect the oceans", iwwersat schütz d'Mierer. De Numm ass Programm, an esou ass d'Zil vum Produit d'Leit dozou ze brénge manner Plastik ze konsuméieren an dofir méi op Upcycling ze setzen.

Datt een al Saachen, an deem heite Fall Stoff, net ewech geheie muss mee sënnvoll weiderverwäerte kann, beweist d'Mini-Entreprise mat hirem Produit: Selwer gebitzte Poschen a Rucksäck aus ale Kleeder. Dës sammelen d'Schüler selwer oder kréie se vun Aneren zur Verfügung gestallt. Designt, gebitzt a produzéiert gëtt iwwerdeems alles vun deenen 9 selwer.

Nieft dem Upcycling, encouragéieren d'Schüler dann och d'Iddi vum Recycling, a wëlle mat hirem Projet anerer dozou bréngen hir, net esou nohalteg, Gewunnechten ze änneren. Et ass e Projet deen aus der Iwwerzeegung eraus entstanen ass eppes ze änneren. E Wonsch dee mat dem Kaf vun all Posch konkret ënnerstëtzt gëtt: Esou geet pro Produit dee verkaf gëtt, all Kéiers een Deel un eng wueltäteg Organisatioun, déi sech fir de Schutz vu Mierer a Mieresbewunner asetzt.

Lauschtert hei den Interview!

De Produit ass schonn um Marché a kascht jee no Modell, Stoff an Opwand tëscht 25 a 35 Euro.

© Pro'Oc