Wat kann ee Vältesdag an der britescher Haaptstad maachen?

Paräis ass jo ouni Zweiwel d’Stad vun der Léift. Besonnesch elo fir Vältesdag ginn nees Milliounen Touristen an der franséischer Haaptstad erwaart, fir e puer romantesch Deeg zesummen ze verbréngen. Mee och wann een dat vläicht net mengt, och hei zu London ginn et dës Woch e puer mol méi, mol manner traditionell Aktivitéiten, déi engem Vältesdag verséisse kënnen.

Lauschtert hei de Reportage:

Fir d’éischt emol wär do e romantesche Popup Kino an engem alen, ganz a rout a gold dekoréiertem Balraum am Südoste vu London. An dëser eenzegaarteger Coulise aus den 30er Jore kann ee Klassiker ewéi Pretty Woman, Romeo + Juliet oder Ghost gesinn.

Ween dann en Hond huet, awer leider kee Partner, dee ka beim Valentine’s Dog Walk matmaachen. Hei soll ee sech a säin Hond der Occasioun entspriechend verkleeden fir Präisser ze gewannen. A wee weess, et soll jo och schomol virkomm sinn, dass Hënn 2 Mënschen gehollef hunn sech ze fannen an ze verléiwen.

© pixabay.com

Schlussendlech dann, fir all déi Leit, déi ganz oppen a Punkto Sexualitéit sinn, gëtt et e Stand up Comedy Event an der Sexversioun. Hei gëtt et nieft knaschtege Witzer och nach eng Tombola fir Sexspillsaachen ze gewannen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter