Wa Fotografe vum Prozess ausgeschloss sinn, da ka just e Geriichtszeechner dat festhalen. Ma deem seng Aarbecht ass deier an ëmmer manner gefrot.

Bei grousse Geriichtsprozesser hu Fotografen et schwéier. Dacks gi si kuerz virun der Verhandlung, dem Uerteelssproch fir e puer Minutten eragelooss, mat Chance si schonn d’Affekoten, d’Zeien oder souguer d’Ugekloten do, an da war et dat. Dat Interessant kréien d'Fotografen net mat, och wann d'Verhandlung ëffentlech ass, dierfe si do nämlech keng Fotoe maachen. Abléck kritt een nëmme vu sougenannte Geriichtszeechner – e Beruff, respektiv an der Tëschenzäit meeschtens en Nieweberuff, fir déi ee keng speziell Ausbildung braucht, ma déi dem Zeechner selwer enorm vill ofverlaangt.

Perséinlechkeet vun de Persounen afänken

Während engem grousse Prozess wëllt ee jo um Lafende sinn. Blöd just, wann et vum Prozess selwer keng Biller ginn. Ma genee dofir ginn et Leit, déi während ëffentleche Prozesser zeechnen. An de Geriichtszeechner huet eng laang Traditioun seet de  Kënschtler Pit Wagner, deen z.B. de Bommeleeër- oder dem Luxleaks-Prozess zeechneresch begleet huet.

RTL

© Eldo

Nieft dem Fait, dass Fotografen ausgeschloss sinn, well dat de Prozessoflaf stéiert wier et awer och eng Saach vu Bildrechter. Heiansdo géif hien am Virfeld awer och gesot kréien, dass eenzel Persounen net wéilten oder dierfte gezeechent ginn – an doru misst en sech dann och halen. Als Beispill kéint een hei verdeckten Ermëttler nennen, déi jo no baussen net dierften opfléien.

Et muss ee séier sinn, seet de Pit Wagner. Dacks huet een nëmmen e puer Minutte fir Persounen ze zeechnen. Dofir muss een am Graffen ufänken an dann no an no weider Detailer dobäi zeechnen. Et geet jo um Enn och drëms d'Perséinlechkeet vun de verschiddene Persounen anzefänken.

Geriichtszeechner sinn de Medien ze deier

De Problem vum Geriichtszeechner ass awer an der Tëschenzäit, dass vill Medien sech kee méi wëlle leeschten. Eng Foto vun engem eidele Geriichtssall oder vun de Concernéierte virum Geriicht ass däitlech méi bëlleg. Dobäi huet eng Zeechnung der Foto viraus, dass se vill verschidden Zeenen iwwer e gewëssen Zäitraum an eng Zeechnung kann ënnerbréngen. Esou géif eng Zort Zeitraffer entstoen, déi d'Situatioun an d'Stëmmung am Sall géif erëmspigelen.

Ma u sech dierf jidderee bei ëffentleche Prozesser am Geriicht zeechnen. Bei gréissere Prozesser muss een nach villäicht eng Accreditatioun hunn mä dat war et. Am grousse Sall wier de Problem awer deen, dass een uewen op den Tribüne géif sëtzen an do géif een net wierklech gutt gesinn.

Prozesser sinn dacks belaaschtend

Wann de Pit Wagner während engem Prozess zeechent, dann huet en net vill Equipement dobäi. Zeechebléck, Tusch, heiansdo nach Aquarell an dat ganzt gutt verpaakt geet duer. An da muss een diskret sinn, grad well d’Leit sech jo eben net beobacht solle fillen. Heiansdo schafft de Pit Wagner un 2, 3 Zeechnungen zesummen. Esou kann hien mat enger Zeechnung weider maachen, sollt eng Persoun emol net siichtbar sinn oder d'Positioun verännert hunn.

Wat de Pit Wagner awer nach sot ass, dass d’Zeechne bei Prozesser dacks belaaschtend wier. Wat een dat nämlech méi dacks géif maachen, wat ee méi där Affäre géif matkréien, déi jo an der Reegel éischter negativ wéi positiv ausgaange wieren.