Eng Bull op de Buedem geheien aus där da Blumme wuessen - Dat ass d'Konzept vun 8 Schüler aus dem LTB, déi Seed Bombs verkafen.

Am Kader vun engem Schoulprojet hunn 8 Schüler aus dem Lycée Technique de Bonnevoie sech zesummegedoen an hir eege Mini-Entreprise mam Numm Magic Bombs gegrënnt. Zesumme mat hire Proffen hunn d’Schüler e Konzept entwéckelt fir Blummen ze planzen, dat allerdéngs op eng ganz innovativ Aart a Weis.

Seed Bombs, esou nennt een dës Kugelen, déi aus Lehm, Äerd a Som gemaach ginn. Dës gehäit een op de Buedem an traitéiert ee wéi all aner Planz och, no enger Zäit wuessen dann doraus Blummen. Faarf a Form vun de Planzen hänkt dovun of fir wéi ee Produit ee sech beim Kaf decidéiert huet.

Bei der Offer fir Schwangerschafte kann ee sech jee no Geschlecht fir rosa oder blo Blummen entscheeden. D'Konzept "I love Luxembourg" setzt op d'Faarwe rout, wäiss a blo Planzen, d "Unicorn"-Seed Bombs suerge fir multikolor Planzen a bei der "Love"-Editioun kann de Client mat roude Blumme rechnen.

Nieft verschiddene Konzepter fir verschidden Occasiounen, ass deenen 8 Schüler och wichteg op eng lokal a fair Produktioun ze setzen. Esou kréie si de Buedem vu Baueren hei aus Lëtzebuerg, de Som gëtt zwar online bestallt, produzéiert ginn d'Seed Bombs dann awer nees hei am Land: Dat zu Wolz an engem Atelier fir Leit mat engem Handicap.

Wie méi Informatiounen zu de Produiten oder der Mini-Entreprise wëll hu ka sech hir Facebook Säit "Magic Bombs" ukucken oder per Mail bei de Schüler mellen: magicbombs.jel@gmail.com

Lauschtert hei de kompletten Interview!