
© Nicolas TUCAT / AFP
Wéinst dem Frascht an der Nuecht vum 4. op de 5. Mee gesinn sech d'Wënzer zu Lëtzebuerg mat enger deels grousser Perte confrontéiert.
No engem ganz gudde Joer 2018 ass dat natierlech e Réckschlag fir déi Wënzer, déi am stäerkste betraff sinn. Net all Parzell ass nämlech d'selwecht betraff.
Temperature vu -2,5 bis -3 Grad
Verschidde Parzelle goufe verschount op anere sinn Ausfäll vun 100% ze erwaarden. Dobäi waren et virun allem d'Temperaturen iwwer dem Buedem, déi plazeweis op -2,5 bis -3 Grad zeréckgaange sinn an dee meeschte Schued ugeriicht hunn, esou de Serge Fischer vum Institut Viti-vinicole. D'Knospe wieren einfach erkaalt.
Verschidde Lage waren dobäi méi betraff wéi anerer. Dat hänkt dovun of, wéi déi kal Loft sech am Museldall verdeelt huet, déi eng Plaze sinn do méi geschützt, wéi anerer.
„Betraffe Wënzer wäerten net vill Drauwen hunn!“
Ob elo och déi 2. Knospe betraff sinn a wat dës nach hierginn, dat misst een elo ofwaarden, esou de Serge Fischer nach.
Fakt ass awer, dass d'Wënzer aus deene betraffene Gebidder op all Fall net vill Drauwe wäerten hunn.
Bei de Verloscht kënnt nach, dass d'Aarbecht doduerch net manner gëtt, well d'Wënzer sech jo weider d'ganzt Joer ëm d'Riewen an d'Wéngerte misste këmmeren. An dat obwuel eben näischt oder net vill wäert erakommen.
Schlëmmste Schied an de Wéngerten zanter 30 Joer
Ma déi meeschte Betriber wiere fir esou Fäll verséchert an och de Staat géif bei der Versécherung hëllefen. Dobäi géifen esou Ausfäll duerch Frascht awer alt emol virkommen, esou wier d'Wieder eben.
An de 50er a 60er Jore wier dat z.B. méi dacks geschitt, dee leeschte Frascht, bei deem vill erkaalt ass, war 1991.