
© Eldoradio
Ganz nom Motto: "Säit wéini schmaacht Lëtzebuerg esou gutt"!
E Produit kreéieren, deen ëmweltfrëndlech an innovativ ass, dat war d’Zil vu 7 Schüler aus dem Lycée Robert Schuman, déi am Kader vum Projet "Mini Entreprise" d’Frëschkëscht an d’Liewe geruff hunn. An den Numm ass hei Programm - d'Frëschkëscht ass eng Këscht mat saisonalen a regionale Produiten, déi ausschliisslech vu Lëtzebuerger Bauere kommen.
Erdbieren aus Argentinie fanne sech hei also net erëm, dat engersäits aus ekonomeschen, awer och ekologesche Grënn. D'Schüler wëlle beweisen, datt eng saisonal a lokal Consommatioun net nëmme méiglech mee och besser ass: Et wëll ee soumat d'Baueren hei am Land ënnerstëtzen an och den ekologesche Foussofdrock duerch manner Import verréngeren.
D’Sue sollen also an de lëtzebuergesche Marché zeréckfléissen an esou déi lokal Produktioun ënnerstëtzen. E Mangel u qualitativ héichwäertege Produiten hätt een hei am Land op alle Fall net.
D’Schüler hu sécher gestallt, datt d’Fournisseure mat deene si zesumme schaffen, hir Produiten all fair hierstellen a gi sech deemno selwer dovun iwwerzeegen ier dës an der Frëschkëscht landen.

© Frëschkëscht
Wien d’Konzept vun der Mini-Entreprise ausprobéiere wëll, huet de Choix tëscht 2 verschiddene Frëschkëschten, enger klassescher Variant an enger veganer Variant. Egal fir wéi eng Këscht ee sech decidéiert, dat kann eng eemoleg Bestellung sinn, fir de Präis vu 40 Euro, oder och en Abonnement ob méi laang Zäit, bei deem d’Frëschkëscht da vu Mount zu Mount méi bëlleg gëtt.
Fir d'Frëschkëscht ze kréie mussen d'Cliente sech op der Website fir en Hotspot decidéieren, bei dee se hiren Akaf da kënne siche goen.
Weider Infoe ronderëm d'Mini-Entreprise fannt dir
!