En emotionalen Detox kann hëllefen, sech vun negativen Gefiller ze befreien an nei Energie ze sammelen.

All Dag gi mir mat neien emotionalen Impressiounen iwwerschwemmt - an zwar net just mat positiven. Mee genee wéi mir eisem Kierper mat gesonder Ernierung eppes Guddes dinn, brauchen och eis Gedanken eng Paus- eng Aart "emotionalen Detox".

Op Dauer kënne sech Emotiounen stauen a sech als negativ Gefiller am Kierper sammelen, d’Séil steet ënner Drock a ka sech ab engem gewësse Punkt just nach schwéier selwer befreien.  Dat passéiert vrun allem duerch d’Verdrängung vu Konflikter oder Gedanken déi een net zougelooss huet.

Oft ass et d’Zomm aus vill verschiddene Stresssituatiounen déi zu enger negativer Gefillslag féiert. Hei spillt zum Beispill den Job eng Roll, awer och ee vollgepaakten Alldag, tëschemënschlech Spannungen an d’Gefill, ëmmer fir anerer do sinn ze mussen. Stellt iech d’Fro, op et an ärem Liewen Situatioune gouf, déi iech bis haut nach een desagreabelt Gefill bereeden.  Hei kann et hëllefen, d’Gespréich mat anere Mënschen ze sichen, sech agestoen dass een dorënner leit, an probéieren deen Deel aus der Vergaangenheet nodréiglech ze léisen.

Duerch di stänneg digital Vernetzung hu vill Mënschen et haut verléiert, fir sech eleng ze sinn.  Et muss een net méi mat den eegenen Gedanken ausernee setzen, well ëmmer Oflenkung present ass. Dobäi ass et wichteg, sech negative Situatiounen ze stellen,  a Gefiller ze verschaffen - zum Beispill, andeems ee seng Gefiller reegelméisseg néier schreift. Sou kann ee Saachen ofhaken a Verschiddenes nees mi kloer gesinn.

Och Meditatioun kann hëllefen. Scho kuerz Meditatiounsentitéiten virum schlofe goe kënnen en Ënnerscheet maachen, an hëllefen dat wat een erlieft huet ze verschaffen. Am beschten ass et, sech bewosst Zäit ze huelen, an des Entspanungsübungen eng Routine ginn ze loossen. Sou gëtt ee sech d’Chance, op mannst ee Moment am Dag ganz bei sech selwer ze sinn.

Voir cette publication sur Instagram

my first illustration live on @refinery29 ☺️

Une publication partagée par lily fulop (@lil_ful) le