D'Schoul an den Job kënnen munchmol stresseg sinn. Fir de Stress ofzebauen maachen di eng Sport, déi aner Netflixen. Ma och Kachen hëlleft.

No engem stressegen Dag ass et wichteg erofzekommen. Déi eng freeën sech op een entspaanten Tëlésowend, déi aner ginn sech léiwer an de Sport ofreagéieren. Ma wat och hëlleft ass Kachen. Ob dat lo eng knackeg Zalot ass, eng Geméiszopp oder vläicht awer e Kuch baken ass, wien Zäit an der Kiche verbréngt, deet senger Séil gutt.

Etüden no huet Kachen ee positiven Afloss op eis mental Gesondheet. Dem australeschen National Institute of Health no, versetzt eis Kachen an ee sou genannte „Flow-Zoustand“. Een Zoustand an deem eng Persoun ganz op eppes konzentréiert a verdéift ass, d’Zäitgefill verléiert an sech dobäi glécklech fillt. Wéi zum Beispill beim Zoubereede vun enger Moolzecht. Also kuerz gesot, einfach ganz gechillt eppes kacht fir sech selwer oder fir Frënn. An dobäi natierlech mat gudder Musek fir z’entspanen.

Beim Kache konzentréiere mir eis deemno ob den aktuelle Moment a mir kommen no engem laange Bürosdag nees erof. Mir denken un eppes aneschtes, a freeën eis op ee leckert Iessen a vergiessen de ganze Stress op der Aarbecht. A wann een dat nach zesumme mat sengem Mann a senge Kanner oder mat Frënn maache kann, ëmsou besser.

Sou gi Kachtherapien och reegelméisseg bei depressive Mënschen a Spideeler ugewannt, genee wéi Mol- oder Sporttherapien. Domadder ginn d’Leit ofgelenkt, a konzentréieren sech op eppes Spezielles.

Ausserdeem gi mir beim Kache selwer belount, well mir selwer eppes kreéieren an dat dann dacks mat aneren deelen. A wann et dann och nach gutt schmaacht, ëmsou besser.

Selwer kachen an dobäi frësch Ingredienten ze benotze sinn dann duebel sou gutt fir eis Psych. Eng gesond Ernierung mat vill Uebst a Geméis huet och positiv Auswierkungen op déi kierperlech Gesondheet.

Lauschert hei d'Reportage: