Eng Persoun déi vill Computerspiller spillt ass net vu vir eran onsportlech.

Dass den e-Sport eng olympesch Disziplin soll ginn, gëtt jo net wierklech eescht geholl. Leit déi vill Computerspiller spillen, beweege jo just hier Fangeren, iesse Chipsen an drénke Cola. Esou gëtt et jiddefalls ëmmer geduecht.

Eng Etüd vun der AOK/Hamburg an der Däitscher Sporthéichschoul zu Köln, huet sech mat der Thematik méi genee beschäftegt a festgestallt, dass Gamer guer net esou ongesond liewe wéi geduecht.

Knapp 1.200 Persoune si befrot ginn. Erauskomm ass, dass den Duerchschnëttsalter bei engem Gamer ëm déi 23 Joer läit an en héije Bildungsstand huet. D'Hallschent vun den Testpersounen huet uginn en Ofschloss ze hunn.

Dozou kënnt och nach déi sportlech Aktivitéit bei de gefrote Gamer. D'WHO recommandéiert op d'mannst 2 Stonne Sport an der Woch. Déi gefrote Persounen iwwertreffen dëst esouguer. 80% vun hinnen hunn uginn, sech op d'mannst esou laang sportlech ze beweegen, wéi et ugerode gëtt an den Duerchschnëtt läit esouguer bei méi wéi 8 Stonnen an der Woch.

D'Virurteeler géigeniwwer Leit déi gäre Computerspiller spillen, kann een also definitiv vergiessen. Déi besuergten Eltere kënnen also opootmen. Natierlech ginn et ëmmer nees Ausnamen, respektiv Persounen déi just doheem virum Apparat hänken an ni virun d'Dier ginn. Mee dozou muss een awer soen, dass et och Leit ginn déi keng Videospiller spillen an trotzdeem kee Sport maachen.

Et dierf een einfach net alles verallgemengeren.

Lauschtert eran