Schoul, Schaffen, Famill grënnen. Dat ass en typescht lëtzebuergescht Liewen. Ma ob a wéini ee Kanner kritt beaflosst dacks eist Ëmfeld.

De Kannerwonsch ass eppes wat warscheinlech vill Leit an hirem Liewe wäerten hunn. Wéini dëse Wonsch sech awer mol iwwerhaapt am Kapp festsetzt ass net onbedéngt Zoufall. Wann d'Aarbechtskolleegen, de Brudder oder d'Schwëster Nowuess kritt hunn, da léisst een sech scho mol gär dovu beaflossen, esou eng Etüd vun der Uni Bamberg.

Si hunn d'Donnéeë vu Leit, déi tëscht 1970 an 1979 gebuer sinn, ausgewäert an den Afloss vu baussen op den eegene Kannerwonsch berechent. Dobäi ass erauskomm, dass sech besonnesch Fraen do vun anere beaflosse loossen. Wann zum Beispill ee vun de Geschwëster oder en Aarbechtskolleeg Nowuess kritt, dann erhéicht sech och den eegene Kannerwonsch.

Dat léisst eng Aart Kettereaktioun aus. Eng Persoun déi vun Aarbechtskolleege mam Kannerwonsch ugestach gëtt, huet soumat och nees en Afloss op déi eege Gesëschter. Dëst kann natierlech och ëmgedréint de Fall sinn. Kuerz gesot, et stécht een deen aneren domat un.

Extrem opfälleg ass, dass Leit déi an hirem Ëmfeld quasi kee mat Kanner hunn, selwer relativ spéit oder mat enger ganz gerénger Warscheinlechkeet selwer wäerte Kanner kréien.

Wann der also äre Partner dozou wëllt iwwerrieden endlech eng kleng Famill ze grënnen da kuckt, dass en an en Ëmfeld mat ville Leit kënnt déi selwer schonn een oder 2 Kanner hunn. Ëmgedréint geet et natierlech och, wann der nach keng Kanner wëllt, dann haalt de Partner aus dem Ëmfeld mat klenge Butzen eraus.

Lauschtert eran