Wann ee vill Fast Food ësst wierkt sech dat och op eist Gehier aus. Mir hunn ëmmer erëm Honger an et ass schwéier aus deem Däiwelskrees erauszekommen.

Datt Junk Food net immens gesond ass, ass kloer. Ma datt sech fettegst Iessen a vill Zocker net just op eis Kierpergewiicht, mee och op eis Gehierleeschtung auswierken, wëlle Fuerscher am australesche Sydney erausfonnt hunn. Vir ewech: D'

kann net als representativ geholl ginn, well nëmmen 100 Persounen tëscht 17 a 35 Joer ënnersicht gi sinn, ma awer ass een zu neien Erkenntnesser iwwert d'Suitte vun ze vill Fast Food an zockerhaltegem Iesse komm.

Lauschtert eran!

D'Hallschent vun den Testpersounen hu weider giess ewéi virdrun, déi aner Hallschent krut ee fir si opgestallten Iessplang, an dat mat bewosst ongesonde Liewensmëttel. Wat fir vill Leit no engem richteg gudden Hangover-Iesse kléngt, war fir de Grupp Alldag: belsch Wafelen, Burger, Séissegkeeten, Pizza, Fritten. Haaptsaach gutt fetteg a vill Zocker.

Um 1. an 8. Dag si Gediechtnestester duerchgefouert ginn. D'Resultat war, datt d'Performance vun de Leit mam ongesonden Iesse méi schlecht war. Dobäi koum, datt si och vill méi Loscht haten, nom Iessen einfach weider z'iessen. D'Selbstkontroll ass an deem Grupp also komplett ausgefall a si hätten am léifste weider eragefeiert. De Fuerscher no läit dat um Hippocampus.

Dësen Deel vum Gehier steiert eisen Appetit. Si mer sat, ënnerdréckt dësen Deel eist Hongergefill, also seet eis, datt mer genuch giess hunn. Bei Junk Food géif sech eist Verlaangen awer net astellen. Ze vill Fett an Zocker stéiert d'Funktioun vum Hippocampus a d'Regulatioun vum Appetit geet verluer. Dësen Effekt kann duerch eng gesond Ernärung verschwannen.