Loosst dir den Handy 24 op 24 Stonnen un? Keng sou gutt Iddi! Dëse sollt een och mol ausschalten. Dat bréngt Virdeeler mat sech!

Fänke mir mol direkt domat un, dass en Apparat, wéi zum Beispill de Smartphone ouni gréisser Problemer e puer Deeg um Stéck kann u sinn. Wann der d'Gerät dann awer eng Kéier ausmaacht, da wäert der zimlech séier mierken, dass den Handy duerno ee Stéck méi op Zack ass. Den Apparat ka sech doduerch nämlech entlaaschten an den temporäre Ram-Späicher gëtt geläscht an d'Apps ginn alleguer mol zougemaach.

Dozou kënnt nach, dass den Akku besser luet an en esou méi laang hält. Wann den Handy nämlech un de Stroum gehaange gëtt ouni, dass an iergendenger Form vu Verbindung oder Netz besteet, luet de Smartphone gläichméisseg an dat ass positiv fir den Akku.

Net ze vergiesse sinn d'Stralen, déi wann d'Gerät aus ass, op e Minimum reduzéiert ginn. Eng aner Alternativ ass hei den Handy mol wéinstens op Fluchmodus ze maachen.

E gudde Moment fir dem Smartphone eng Paus ze gënnen ass zum Beispill an der Nuecht, wärend den Akku luet. Ideal ass et de Smartphone op d'mannst ee mol am Dag nei ze starten, aus deene virdru genannte Grënn.

E weidere positiven Nieweneffekt vum Ausschalten, ass den Offline-Modus. An eiser Gesellschaft an där et souwisou scho vu mueres bis owes gestresst an hektesch hiergeet, sinn esou Momenter an der een net online ass goldwäert.

Wann den Handy nämlech aus ass, oder een en einfach emol doheem léisst, da wäert der mierken, dass der d'Ëmwelt nees vill méi aktiv wouer huelt. Mierkt iech also, heiansdo ass et och mol gutt, net erreechbar ze sinn.

Lauschtert eran