Éier den Dag ufänkt huet een dacks scho méi kënschtlech Intelligenz benotzt, wéi ee vläicht mengt.

Och d'europäesch Unioun gesäit d'kënstlech Intelligenz als eng vun de groussen Erausfuerderungen. Europa soll eng vu de weltwäit féierende Standuerter vun der kënstlecher Intelligenz ginn.

Ma och elo scho gi vill Beräicher un eisem Alldag vu kënschtlecher Intelligenz vläicht net kontrolléiert, mee duerchaus vill beaflosst.

Ganz vereinfacht gesot ass eng KI e Computerprogramm, dee selbstänneg entscheeden an och handele kann, ganz ouni en Agräife vum Mënsch. D'Intelligenz gräift op Daten an Informatiounen zeréck, mat där se am Virfeld gefiddert gouf.

Face ID a personaliséiert Reklammen

Ee Beispill fir esou e Programm ass d'Gesiichtserkennung, also eng Face ID, déi op villen Handyen ze fannen ass. Beim éischte Benotze mierkt sech de Programm d'Mierkmoler vum Gesiicht, späichert déi an esou gëtt den Handy geschützt. Ma kennt der dat, wann der grad eppes gegoogelt hutt a bemol gesitt der genee dee Produit an ärem Newsfeed op Facebook? Hei kënnt och kënschtlech Intelligenz an den Asaz! Genee esou funktionéiere vill aner Applikatiounen.

"Verhalen" op Plattforme gëtt analyséiert

Ma net just Reklammen, och wat genee ugewise gëtt, ass keen Zoufall. Eng KI analyséiert däi Verhalen op Facebook: Wat dir gefält, wat s du dir ukucks a mat wiem s du befrënnt bass. Esou ginn déi fir dech potentiell interessant Beiträg, baséierend op dësem Algorithmus, als éischt ugewisen. Genee esou fonctionéiert et och op der Plattform YouTube. Kuckt ee sech ee Video un, kritt een änlech Videoen ugewisen – an dat an Dauerschleef.

KI spezifesch fir ee bestëmmte Beräich

Méi siichtbar Beispiller sinn den autonomen Auto oder d'Sproochassistenten, déi rezent e reegelrechte Boom erlieft hunn. Wichteg ze soen ass, datt eng KIspezifesch fir een Zweck programméiert gëtt. Eng KI, déi fir den Auto gemaach gëtt, huet Schwieregkeeten säin Zweck an anere Beräicher ze erfëllen. Sécher ass: Et geet ëmmer méi an déi Richtung. Eng digital Ënnerstëtzung, déi dem Mënsch villes ofhëlt an den Alldag vereinfache soll.