An den USA huet sech en 11-Järege mat enger Machete géint en Abriecher gewiert. Dëse gouf am Spidol festgeholl, wéi e seng Wonn wollt versuerge loossen.

Zu Mebane an den USA huet en 11-järege Jong en Abriecher mat enger Machete ofgewiert. Den Abriecher soll de Jong als éischt mat enger Waff an e Schaf gedréckt hunn. D'Affer konnt sech awer wieren a mat enger Machete op den Abriecher schloen. Hie gouf um Kapp blesséiert a wier doropshi geflücht. Kuerz drop gouf den 19-järegen Täter an der Klinik festgeholl, wou e seng Wonn behandele gelooss huet.