Déi amerikanesch Chaîne huet beim Bericht iwwer d'Attack zu Paräis eng Kaart benotzt mat de Grenzen vum 19. Joerhonnert.

Déi amerikanesch Tëleeschaîne huet en Donneschdeg bei engem Bericht iwwer d'Attack zu Paräis e penibele Feeler gemaach. Si hunn eng Kaart vu Frankräich benotzt, déi d'Grenze vun der Periode 1871-1918 weist. Deemools huet den Elsass nach zu Däitschland gehéiert.