Deier Suen ausgi fir e Kleedungsstéck, dat guer net existéiert!

En Amerikaner vu San Fransisco huet senger Fra en extrem deiere Rack kaaft, deen ausgesäit ewéi eng grouss Seefeblos – dat awer just digital.

Vu Computer- a Videospiller kenne vill Leit dat scho méi laang: Et keeft ee sengem Avatar nei Kleeder, sougenannten "Skins", fir datt dee besser ausgesäit. Datt ee fiktiv Kleeder kafe kann, ass elo awer och an der realer Welt den neisten Trend.

Fir vill Suen kann ee sech digital Kleedung kafen, déi ee sech selwer oder anere Leit op Fotoen undoe kann

Firwat brauch een esoueppes, frot dir iech?

Ma stellt iech vir, dir klammt de Machu Picchu erop a wëllt ganz uewen eng gutt Foto fir op Instagram maachen. E stylesche Rack gesäit do natierlech besser aus ewéi di vollgeschweeste Wanderkleedung