Eng Fra a Groussbritannien huet wuel keen aneren Auswee méi gesinn: Fir datt hire Mann net nonstop lompe geet, huet si e Pub am eegene Gaart gebaut!

Et gi vill Saachen iwwert déi een an enger Bezéiung streide kann: D'Spull ass net gemaach, schonn nees leien iwwert d'Kleeder ronderëm oder et huet een den Handy méi dacks am Grapp, wéi d'Hand vum Partner. Ma dass een ze vill um Tour an deemno ni doheem ass, kann och eng grouss Roll spillen, wisou et mol flaamt.

Eng Fra aus Groussbritannien hat ës wuel och genuch an huet eng méi speziell Alternativ gewielt, fir datt hire Mann net ëmmer mat senge Kolleegen um Tour, mee och doheem bei hir ass: Si huet einfach mol e Pub gebaut an dat an den eegene Gaart!

Wéi den "Daily Mirror" geschriwwen huet, konnt d'Jayne Trapper hire Mann éischter seelen dovunner iwwerzeegen, doheem ze bleiwen an esou ass hir d'Iddi komm. De Pub mam Numm "

" kéint wuel deen neien Hotspot an der Noperschaft ginn an dem Jayne hire Mann bleift hoffentlech méi dacks am eegene Gaart a genéisst do säi Pint mat de Kolleegen.

Kuckt iech hei de Video un: